APEMH
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Déifferdenger WG
发布于 2026年10月15日
此职位以 EN 发布
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht ab den 1.11.2026,dir d’d’Déifferdenger WG, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit .
Job description
Mir bidden Iech d’Geleeënheet, Deel vun enger engagéierter a multidisziplinärer Ekipp ze ginn, déi Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung am Aklang mat de Wäerter vun der APEMH begleet an ënnerstëtzt.
Mir sichen eng engagéiert Persoun mat pädagogescher Erfarung a fachlecher Kompetenz, déi d’Bewunner aus der Déifferdenger WG an hiren individuellen Liewensprojeten begleet an ënnerstëtzt.
Dir orientéiert Iech un hire perséinleche Besoinen, Wënsch a Fäegkeeten a schafft zesumme mat hinnen u konkrete Zieler, déi ënner anerem hir Selbstbestëmmung an Autonomie stäerken.
Verschidde Bewunner verfollegen e „Projet d’autonomie“, deen Dir mat hinnen ausschafft, ënnerstëtzt a weiderentwéckelt.
Zousätzlech ënnerstëtzt Dir d’Bewunner bei der Gestaltung vun hirem Alldag, bei Fräizäitaktivitéiten, bei Rendez-vous‘en an administrativen Démarchen. Dir ënnerstëtzt Sie an hirer Selbststännegkeet, stäerkt hir sozial Kompetenzen a begleet si dobäi, nei Perspektiven ze entwéckelen an aktiv um soziale Liewen an hirem Ëmfeld deelzehuelen.
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
职位概览
工作类型
全职
邮箱
jobs@alleyesonme.jobs
所需技能
相似职位
Pädagogen mit Masterabschluss in Pädagogik, Heilpädagogik, Inklusiver Pädagogik oder Sonderpädagogik (m/w/d)
APEMH
Maçon / Coffreur (m/f) - Fischbach
ConfiaRH
Maurer / Verschaler / Betonbauer (m/w) - Fischbach
ConfiaRH
Maçon / Coffreur (m/f) - Fischbach
ConfiaRH
Human Resources Officer
Recruit Nepal
Marketing Manager
Wholesale Lobby