返回职位
ScovaiScovaiJobs
ARCUS asbl

ARCUS asbl

NEW Therapeutesche Beroder (M/W/NB) – CST Pino (Lamadelaine)

Luxembourg, LU现场永久制兼职

发布于 2026年9月11日

此职位以 EN 发布



Mir sichen eng motivéiert, passionéiert an dynamesch Persoun mat engem a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Psychologie oder Pädagogik mat systeemescher Ausbildung oder änlechem (M/W/NB) fir eng 30 Stonnen/Woch CDI an eisem Centre socio-thérapeutique zu Lamadelaine.

Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand get et een individuelle Plang, deen am Laaf vu senger Entwéckung emmer erem ugepasst get. Mir gesin d’Verhaale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhaalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir bauen Bezéiung ob an ennerstëtzen d’Kand, dass hat och a, fir hat, iwer-fuedernden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräifen kann. Mir schaaffe Bewosstsäin fir eis eege Prozesser an Empfannen mat der Fro: Waat mecht daat Verhaale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een emmer bessert Géintiwer ze sin.

Deng Aufgaben:

Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden:

  • therapeutesch an intensiv-pädagogesch Ënnerstëtzung vun de Kanner a Kooperatioun mat der pädagogescher Equipe

  • Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master an den uewe genannte Beruffer. Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

  • Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du hues d'Fäegkeet an d‘Bereetschaft zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun

Wënschenswäert Ufuerderungen:

  • Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef

  • Zousazqualifikatiounen an de Beräicher Traumatherapie, systeemescher Berodung, Hypnotherapie asw. si vu Virdeel

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

职位概览

工作类型

兼职

邮箱

pol.bertemes@arcus.lu

所需技能

Systemic Therapy / Systemic CounselingTherapeutic Intervention (child-focused)Child and Youth Care Experience (5+ years)Child-centered Pedagogical Skills (ages 6-12)Individualized Care / Intervention PlanningMultidisciplinary Team CollaborationFamily Engagement and CollaborationExternal Partner CoordinationMultilingual Communication (Luxembourgish, German, French)Self-reflection and Self-regulationAutonomy and Flexibility in WorkTrauma-informed Therapy (desirable)Hypnotherapy (additional qualification, desirable)Behavioral Assessment and Intervention

相似职位

Croix-Rouge luxembourgeoise

Educateur diplômé (M/F/D) - Maison Relais - Strassen Blummewiss - CDI - 30h (6873)

Croix-Rouge luxembourgeoise

Luxembourg, LU现场永久制兼职
5小时前
Croix-Rouge luxembourgeoise

Educateur diplômé (M/F/D) - Maison Relais - Koerich - CDI - 30h (6838)

Croix-Rouge luxembourgeoise

Luxembourg, LU现场永久制兼职
5小时前
Croix-Rouge luxembourgeoise

Pflegehelfer/Sozial- und Familienbetreuer (m/w/d) – Logement encadré Vianden – CDI – 20 bis 30 Stunden – (6235)

Croix-Rouge luxembourgeoise

Luxembourg, LU现场永久制兼职
5小时前
Fondation Kräizbierg

Responsable-Coordinateur Pédagogique (m/w/x) 50% CDI - Betreit Wunnen Gasperich

Fondation Kräizbierg

Luxembourg, LU现场永久制兼职
昨天
Croix-Rouge luxembourgeoise

Travailleur Désigné Senior - Expert prévention (M/F/D) - Santé, Sécurité, Qualité de Vie et Conditions de Travail - CDI - 32h (6888)

Croix-Rouge luxembourgeoise

Luxembourg, LU现场永久制兼职
前天
Croix-Rouge luxembourgeoise

Assistant social (M/F/D) Service Migrants & Réfugiés - Mersch - CDI - 32h (6884)

Croix-Rouge luxembourgeoise

Luxembourg, LU现场永久制兼职
前天