Terug naar vacatures
ScovaiScovaiJobs
Austin Bright

Austin Bright

HR Manager | Är nächst Etapp: HR Director | 117K

Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg, LUOp locatieVastFulltime€ 116.000 – € 117.000 / jaar

Geplaatst 20 okt 2026

Deze baan is geplaatst in het EN

Dir wëllt Iech am Personalwiese weiderentwéckelen, méi Verantwortung iwwerhuelen an an enger Organisatioun schaffen, wou Är Meenung wierklech zielt?

Eise Client, eng renomméiert Organisatioun zu Lëtzebuerg mat ronn 100 Mataarbechter, sicht eng engagéiert Persoun fir de Beräich Personalwiesen ze verstäerken.

Dës Positioun bitt Iech d'Méiglechkeet, eng villfälteg HR-Funktioun ze iwwerhuelen, enk mat der Direktioun zesummenzeschaffen a lues a lues méi strategesch Verantwortung ze kréien.

An dat alles an engem stabilen, mënschlechen a flexibelen Aarbechtsëmfeld, wou d'Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewe wierklech respektéiert gëtt.

Är Aufgaben

  • Dir berot an ënnerstëtzt d'Mataarbechter, d'Féierungskräften an d'Direktioun bei alldeeglechen HR-Froen.
  • Dir bedeelegt Iech un der Rekrutéierung, der Integratioun an der Weiderentwécklung vun de Mataarbechter.
  • Dir këmmert Iech ëm Froen am Zesummenhang mam lëtzebuergeschen Aarbechtsrecht an de soziale Relatiounen.
  • Dir iwwerwaacht Themen am Beräich vun der Paieverwaltung, der Remuneratioun an der HR-Administratioun.
  • Dir hëlleft dobäi, intern HR-Prozesser ze verbesseren an ze digitaliséieren.
  • Dir kritt d'Méiglechkeet, Iech no an no méi staark u strategeschen HR-Decisiounen ze bedeelegen.

Äre Profil

  • Dir hutt schonn Erfarung am Personalwiesen, zum Beispill als HR Business Partner, HR Manager, HR Generalist oder Responsabel fir Personalwiesen.
  • Dir kennt de lëtzebuergeschen HR-Ëmfeld an hutt gutt Grondkenntnisser am lëtzebuergeschen Aarbechtsrecht.
  • Dir schafft gär mat Mënschen zesummen a schätzt eng ofwiesslungsräich Aarbecht.
  • Dir sidd organiséiert, selbstänneg a bréngt gär Är eegen Iddien an.
  • Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch AN Franséisch. Béid Sprooche sinn obligatoresch.

Wat mir Iech bidden

  • Eng Jorespai vu bis zu 117.000 € brutto, jee no Ärer Erfarung.
  • 34 Congésdeeg pro Joer.
  • Flexibel Aarbechtszäiten an e gutt Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen.
  • Iessensbongen, verschidde Primmen an eng Parkplaz.
  • Eng stabil a renomméiert Organisatioun mat enger mënschlecher Aarbechtskultur.
  • Eng enk Zesummenaarbecht mat der Direktioun.
  • Reell Méiglechkeeten, Iech berufflech weiderzeentwéckelen a méi Verantwortung ze iwwerhuelen.

Firwat sollt Dir Iech bewerben?

Dir musst haut nach keen HR Director sinn, fir dës Chance ze notzen!

Eise Client sicht virun allem eng motivéiert, villsäiteg Persoun, déi Lëtzebuergesch schwätzt, gär mat Mënsche schafft a sech laangfristeg an enger Organisatioun engagéiere wëllt.

Wann Dir Iech am Personalwiese weiderentwéckele wëllt, ouni op Är Liewensqualitéit ze verzichten, kéint dës Positioun genee dat Richtegt fir Iech sinn.

Mellt Iech bei eis a loosst eis ganz vertraulech iwwer dës Opportunitéit schwätzen!

Rolschets

Type baan

Fulltime

Email

Q.tinant@austinbright.com

Vereiste vaardigheden

HR ManagementEmployee and Management AdvisoryRecruitmentEmployee OnboardingEmployee DevelopmentLuxembourg Employment LawEmployee RelationsPayroll AdministrationCompensation AdministrationHR AdministrationHR Process Improvement and DigitalizationStrategic HR Decision-MakingLuxembourgish Language ProficiencyFrench Language ProficiencyOrganization and Independent Work

Vergelijkbare banen

Austin Bright

Senior Project Manager - Génie Civil & Grands Projets

Austin Bright

Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg, LUOp locatieVastFulltime€ 80.000 – € 100.000 / jaar
4 dagen geleden
Austin Bright

Administrative Coordinator | Family Office | FR DE | 75K

Austin Bright

Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg, LUOp locatieVastFulltime€ 74.000 – € 75.000 / jaar
23 dagen geleden
Austin Bright

Assistant Juridique Senior - Promotion Immobilière

Austin Bright

Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg, LUOp locatieVastFulltime€ 65.000 – € 70.000 / jaar
vorige maand
Austin Bright

Senior Tax Associate - Leading European Law Firm

Austin Bright

Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg, LUOp locatieVastFulltime
vorige maand
Austin Bright

Financial Accountant PE - Cloche d'Or

Austin Bright

Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg, LUOp locatieVastFulltime€ 70.000 – € 75.000 / jaar
vorige maand
Hyve Group Ltd

EVENT DIRECTOR - POSSIBLE

Hyve Group Ltd

New York, USOp locatieVastFulltime
1 uur geleden
HR Manager | Är nächst Etapp: HR Director | 117K bij Austin Bright in Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg | Scovai | Scovai