Retour aux offres
ScovaiScovaiJobs
ARCUS asbl

ARCUS asbl

NEW Chef de Groupe (M/W/NB) – Kannerhaus Furen

Luxembourg, LUSur siteCDITemps plein

Publié 22 oct. 2026

Cet emploi est publié en EN

Mir siche fir d'Kannerhaus Furen een Chef de Groupe (M/W/NB) als Educateur diplômé oder gradué am CDI mat 40 Stonnen/Woch


De Centre Movida bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.


Deng Aufgaben:

  • Plangen an Ëmsetze vun Aktivitéiten a Projeten

  • Vernetzt Zesummenaarbecht mat internen an externe Partneren

  • Matgestalten an Ëmsetze vun individuelle pedagogeschen Ziler

  • Participatioun un Teamversammlungen, Reflexiounen a fachlechem Austausch

  • Dokumentatioun an Evaluatioun vun der pedagogescher Aarbecht

  • Begleedung vun de Jugendlechen an hirem Alldag a bei der Entwécklung vun hirer Autonomie  


Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Kenntnisser an der traumasensibeler Aarbecht

  • Interessi mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen

  • Fäegkeet, och a komplexen oder usprochsvolle Situatioune professionell ze handelen

  • Flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an Weekends ze schaffen

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen

  • Bereetschaft, Verantwortung ze iwwerhuelen an initiativ ze schaffen

  • Teamgeescht an eng wäertschätzend Astellung am Ëmgang mat Jugendlechen a Kolleg:innen


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Aperçu du poste

Type de poste

Temps plein

E-mail

pol.bertemes@arcus.lu

Compétences requises

Trauma-Informed CareYouth Development and SupportDaily Living Skills and Autonomy SupportActivity and Project PlanningIndividualized Pedagogical Goal Setting and ImplementationInterdisciplinary and External Partner CollaborationPedagogical Documentation and EvaluationProfessional Response to Complex SituationsLuxembourgish Communication (Written and Spoken)French Communication (Written and Spoken)German Communication (Written and Spoken)Teamwork and Respectful CommunicationInitiative and ResponsibilityFlexibility for Shift and Weekend Work

Emplois similaires

Ligue Santé Mentale

Un·e Infirmier·ière psychiatrique à 40h en CDI - Service Pause-Toi(t)

Ligue Santé Mentale

Luxembourg, LUSur siteCDITemps plein
hier
Croix-Rouge luxembourgeoise

Assistant social (M/F/D) Office social de Mamer - CDI - 40h (6919)

Croix-Rouge luxembourgeoise

Luxembourg, LUSur siteCDITemps plein
hier
CHL

Secrétaire médicale en Immunologie-Allergologie m/f/x

CHL

Luxembourg, LUSur siteCDITemps plein
avant-hier
SERVIOR

Informaticien - Expert M365 (m/f)

SERVIOR

Luxembourg, LUSur siteCDITemps plein
il y a 3 jours
Fondation Cancer

Coordinateur Stratégie nationale Génération Sans Tabac (m/f/d)

Fondation Cancer

Luxembourg, LUSur siteCDITemps plein
il y a 3 jours
Croix-Rouge luxembourgeoise

Aide-soignant ou Aide-socio-familial (M/F/D) - Antenne de soins de Junglinster - CDI - 40h (6972)

Croix-Rouge luxembourgeoise

Luxembourg, LUSur siteCDITemps plein
il y a 3 jours
NEW Chef de Groupe (M/W/NB) – Kannerhaus Furen chez ARCUS asbl à Luxembourg | Scovai | Scovai