ARCUS asbl
NEW Educateur diplômé/ Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Crèche Rammerech
Publié 28 août 2026
Cet emploi est publié en EN
Mir siche fir d'Crèche Rammerech: Educateur diplômé oder Agent socio-pédagogique (M/W/NB) am CDI mat 25-30 Stonnen/ Woch
D’Crèche Rammerech bitt Plaz fir 47 Kanner a verfüügt iwwer 3 gutt equipéiert Raim. Eng Naturspillplaz an eng Spillplaz fërderen d’Beweegung an Entdeckung. An der direkter Noperschaft kënnen och e Fussballsterrain, eng Sportshal an eng Schwämm genotzt ginn – fir eng dynamesch an ofwiesslungsräich Betreiung.
Deng Aufgaben:
Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé oder DAP Education
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B1)
Du hues e Permis B
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)
Aperçu du poste
Type de poste
Temps partiel
pol.bertemes@arcus.lu
Compétences requises
Emplois similaires
Satellite Fertility Nurse
recruitNet
Activities Assistant - Care Home
crooton
Altenpflegehelfer / Gesundheits- und Krankenpflegehelfer (m/w/d)
Evangelische Heimstiftung GmbH
Küchenhilfe (m/w/d)
Specht & Tegeler Seniorenresidenzen 1 GmbH Stadtresidenz Syke
Küchenhilfe (m/w/d)
tegeler Pflege & Gesundheit Erlenhof GmbH
Heilerziehungspfleger in einer Wohngruppe (m/w/d)
Hoecke-Lauermann-Stiftung